125 Joer Duelemer Musek – dat ass net nëmmen eng Zuel, mee e Stéck Geschicht, e Stéck Duerf an e Stéck Häerz. Zënter eiser Grënnung am Joer 1901 verbënnt d’Musek d’Leit zu Duelem, bréngt Freed a bereechert d’Duerf- a Kulturliewen. Generatioune vu Musekerinnen a Museker hunn hir Zäit, hir Passioun an hiert Häerz an d’Fanfare geluecht.
E Jubiläum ass eng flott Geleeënheet fir zeréckzekucken op vill schéi Momenter, Erausfuerderungen an Erënnerungen. Gläichzäiteg kucke mir awer och no vir: Eng nei Generatioun féiert d’Traditioun mat vill Energie a Leidenschaft weider a verbënnt se mat der Modernitéit. Eis Musek lieft – a wäert och an Zukunft weider liewen.
E grousse Merci geet un all déi, déi iwwer d’Joren dozou bäigedroen hunn: un eis aktiv a fréier Memberen, Dirigenten, Frënn an Supporter, un d’Gemeng, d’Elteren an un all eis Partner. Ouni hiren Engagement a Zesummenhalt wier dës Geschicht net méiglech gewiescht.
Mir freeën eis, dëst 125-Joer-Jubiläum zesumme mat Iech ze feieren – mat gudder Musek, gudder Stëmmung a vill schéine Momenter.