Onsen Dirigent


Marc SADELER

 

De Marc Sadeler ass de 26. September 1985 zu Lëtzebuerg gebuer. Nodeems hie vu sengem Papp op der Klarinett ugeléiert gouf, ass en an de Stater Conservatoire gaangen. Vun 1995 bis 2003 huet hien do Klarinett, Perkussioun a Batterie geléiert.

 

2005 ass de Marc an de Fräiwëllegendéngscht vun der Lëtzebuerger Arméi agetrueden. No enger Friddensmissioun am Kosovo huet hien seng musikalesch Studien erëm opgeholl.

 

 

Vun 2007 bis 2011 war de Marc am Conservatoire du Nord zu Ettelbréck fir seng 1. Präisser a Solfège, Kammermusek a Klarinett ze machen. Matt dem Diplome Supérieur an der Klarinett huet hien seng Studien 2013 am Stater Conservatoire ofgeschloss. Säit 2010 spillt de Marc Klarinett an der Lëtzebuerger Militärmusek.

 

Als Dirigent huet de Marc de Jugendorchester an de Groussen Orchester vun der Fanfare Gemeng Duelem schon eemol vun 2018-2021 geleed an huet am September 2023 déi musikalesch Leedung op e Neits iwwerholl.