Loscht u Musek?


 

D’Fanfare Gemeng Duelem as 1901 gegrënnt gin. Mir zielen de Moment 46 aktiv Musikanten, déi hirer Passioun mat Begeeschterung nogin.

Dozou zielen folgend Instrumenter: Flütt – Haubois – Klarinett – Bassklarinett – Saxophone Alt/Tenor/Barithon – Bügel – Trompett – Cor – Trombone – Euphonium – Bass – Piano a Perkussioun.

 

Mir brauchen:

Nach weider symphatesch Musikanten, déi d’Freed um Musizéieren mat eis deelen. Mir wëllen eisen Kontingent nach weider ausbauen – déi bestehend Instrumenter opstocken a natiirlech aaner Blosinstrumenter integréieren.

Erfahren Musikanten oder Débutant – Leit déi en Instrument spillen a nët am Grupp aktiv sin – begeeschtert Musekfrënn, déi en Instrument léiere wëllen.

mir sin interesséiert un iech all – een atout as „Loscht u Musek".

 

Mir bidden:

  • en dynamesche Veräin mat voll motivéiert Memberen
  • e flotte, grousse Museksall, wou mir eis wéngstens 1-mol d’Woch treffen fir ze musizéieren
  • en ofwiesslungsräiche Répertoire, dee keng Richtung ausléisst
  • e motivéierte Chef, mat deem intensiiv geschafft gët
  • flott Concerten heiheem, dobaussen am Land an och mol am Ausland 
  • eng kollegial Ambiance

Fir weider Renseignementer: Präsident: Robert Vandivinit Tél. 621797991 / E-Mail